• +352 621 162 911
  • Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.
Image

Info...

Gegrënnt gouf d’QUADRIGA am Joer 1984,

eng a.s.b.l. mat Sëtz zu Walfer,

D’ Iddie wor Alliéiert Militär Gefierer aus dem Zweete Weltkrich ze sammelen, restauréieren, an ze konservéieren. D'Frëndschaft tëscht senge Memberen an deenen vun aneren Associatiounen, déi dat selwecht Zil verfollegen ze ënnerstëtzen.

Egal ob et eng JEEP, en DODGE, en GMC, e CHEVROLET oder eng HARLEY DAVIDSON ass, d'Gefierer vun eise Memberen, fonctionéieren an fueren nach ëmmer.

Mat grousser Léift ginn des Gefierer ënnerhal, well Sie hunn d’Alliéiert Truppen an eist Land bruecht, fir eis Fräiheet zeréck ze bréngen.

Sammler versammele sech reegelméisseg mat e puer Dose Gefierer, zesumme mat anere Lëtzebuerger an auslännesche Veräiner, an hunn all déi selwecht Passioun fir al Militär Ween.

Des Gefier ginn oft ganz zerluecht an erëm zesummegebaut nodeems se gepréift, gefléckt an nei gemoolt sinn.

Sou eng komplett Restauratioun verlaangt Dosende, Honnerten, souguer Dausende, vun Stonnen.

Et d’soll net vergiess ginn wat d’Alliéiert Truppen an dësen Gefierer fir eis gemaach hunn.

Image
Image
Image